Trickfilm
An eisem Atelier get den Schüler ennert aanerem un verschidden Technicken vum Trickfilm erugefouert. Wärend dem Joer get hien och dozou motiveiert selwer an eegener Regie eng Rei vun Produktiounen ze realiseieren.
Filmlescht
Hei sin Beispiller vun klengen Animtiounsfilmer, déi Schüler ennert eegener Régie an der Entreprise Film/Foto vum Lycée Ermesinde am Laaf vun deenen leschten 10 Joer réaliséiert hun. Fräien Ausdrock!
D'Erfindong vun Lëtzebuerg
Den Ufank vun engem klengen Land
De Film "D'Erfindong vun Lëtzebuerg" ass eng Kooperatioun teschend dem André Faber an Schüler aus dem Lycée Ermesinde vun Miersch aus den Joer 2013/14 an 2014/15.
De Film huet als Thema d'Entwecklong vum Lëtzebuerger Land;
vun der Virgeschicht un, iwert d'Kelten an d'Réimer bis an d' Mettelalter.
Am éischten Deel get gewisen wéi d'Réimer an d'Muselgéigend komm sin, a wéi sie des Géigend fundamental beaflosst hun.
Den zweeten Deel geet drop an wéi den Groof Siegfried un seng Lännereien komm ass, a wéi seng Nofolger a speziell d'Gräfin Ermesinde et verstaan huet des Lännereien fir d'Zukonft oofzesecheren.
Gehollef hun:Mirko Schmitz | Marc Paulus | Christophe Klares | Marike Bredijk | Sarah Hornung |
Dario Hoffmann | Christophe Schammel | Youri Koch | Daniel Kohnen | Yasmine Geyer |
Jacques Schöner | Eric Goergen | David Klaassen | Laureline Godard | Tim Zimmerman |
Mil Gaspar | Jannick Krämer | Xavier Salomon | Sharon Nittler | Abel Sereno |
Moreno De Zorzi | Philippe Kalmes | Lucie Cyotte | Shawnee Molitor | Alionne Thiam |
Savannah Schaack | Louise Noez | Buchheimer Noah | Mona Comte | Estelle van de Winkel |